Famille d’accueil – Office national de l’enfance (2024)

Aller au contenu

Famille d’accueil – Office national de l’enfance (4)

Fleegefamill ginn bedeit, engem Kand e stabilt familiäert Ëmfeld ze ginn, säi Wuelbefannen ze schützen a sech fir seng Interessien anzesetzen.

Dat bedeit, engem Kand e Gefill vu Sécherheet ze ginn, fir datt et ënnert deene beschtméigleche Konditiounen opwuessen a sech a sengem eegene Rhythmus entwéckele kann.

Dat bedeit, d’Individualitéit vum Kand, säi Parcours, seng Elteren an de familiäre System, aus deem et staamt, ze respektéieren.

Dat bedeit, zu der Entwécklung vum Kand bäizedroen an dobäi senge Besoine Rechnung ze droen.

Profil vun de Kandidaten

Zukünfteg Kandidate fir d’Aktivitéit als Fleegefamill mussen emotional stabil sinn an iwwer tëschemënschlech Kompetenze verfügen.

  • Si kenne sech selwer gutt a kenne sech mat hire Stäerkten, hire Grenzen an hirer Gefillswelt aus.
  • Si hunn eng positiv Liewensastellung an orientéiere sech un de Ressourcë vun deem Eenzelen.
  • Si verfügen iwwer familiär an elterlech Ressourcen.
  • Si sinn an der Lag, sech selwer a Fro ze stellen an hiren Erzéiungsstil un d’Besoine vum Kand unzepassen.
  • Si verstinn d’Situatioun vun den Elteren, de Kontext an den Ëmfang vun der Opnam.
  • Si akzeptéieren, valoriséieren a fërderen d’Bindung tëscht dem Kand a senge Hierkunftselteren.
  • Si begéinen den Hierkonftselteren an engem Klima vu Respekt an urteelen net iwwer si.
  • Si akzeptéieren d’Deele vun der Eltereroll.
  • Si sinn oppe fir eng Zesummenaarbecht mat den Acteuren, déi am System vun der Opnam an enger Fleegefamill täteg sinn.

Zouloossungsbedéngungen

Fir d’Aktivitéit vun der sozio-pedagogescher Opnam an enger Fleegefamill ausüben ze kënnen, muss d’Fleegefamill Follgendes kënnen :

  • de Kanner, e passende Liewensraum an eng adequat Fleeg bidden;
  • déi an der Zouloossung autoriséiert Unzuel vu Kanner an déi festgeluechte Modalitéiten anhalen (maximal 4 Kanner gläichzäiteg, ausser am Fall vun enger Derogatioun);
  • iwwer eng Infrastruktur verfügen, déi d’Mindestkrittären erfëllt, déi:
      • vum Artikel 27 vum geännerte groussherzogleche Reglement vum 17. August 2011 iwwer d’Zouloossung fir d’Gestionnairë vun Aktivitéite fir Kanner, jonk Erwuessener a Famillen an der Nout virgesi sinn; an
      • déi an den Allgemenge Bedéngungen (Punkt 10 vum Bewerbungsdossier) definéiert sinn;
  • d’Prozedur„Selektioun – Virbereedung – Formatioun”vu maximal 30 Stonne bei engem vun de Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill duerchlafen an e Selektiounscertificat ;
  • d’ Basisformatioun fir Fleegefamille vu 54 Stonnen absolvéieren déi ënner der Tutelle vum Minister, dee fir d’Kanner zoustänneg ass, organiséiert gëtt;
  • wärend mindestens 12 Stonnen d’Joer u u Weiderbildungs- an/oder Supervisiounssëtzungen deelhuelen; ;
  • op d’mannst eng vun den 3 offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg (Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch) verstoen a sech doranner ausdrécke kënnen);
  • reegelméisseg vun engem vun de Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill suivéiert ginn;
  • net vu strofrechtleche Verurteelunge betraff sinn, déi mam Ausübe vun dëser Aktivitéit inkompatibel sinn; ;
  • déi biologesch Kanner vun der Fleegefamill däerfe weeder Géigestand vun enger Erzéiungshëllef oder engem Placement am Sënn vum geännerte Gesetz vum 10. August 1992 iwwer de Jugendschutz, nach Géigestand vun enger Mesure fir d’Opnam an enger Fleegefamill, der stationärer sozio-pedagogescher Opnam oder der sozio-pedagogescher Opnam am Ausland am Sënn vum Gesetz iwwer d’Hëllef, d’Ënnerstëtzung an de Schutz vu Mannerjäreger, jonken Erwuessenen a Famille gewiescht sinn.

Demarchen - Praktesch Modalitéiten

Areeche vun der Demande

Interesséiert Persoune mussen e Bewerbungsdossier fir d’Aktivitéit vun der sozio-pedagogescher Opnam an enger Fleegefamill ausfëllen:

    • sief et iwwer eng Online-Demarche op MyGuichet.lu;
    • oder andeem si den entspriechende Formulaire eroflueden an dësen zesumme mat de gefroten Dokumenter per Post u follgend Adress schécken:

Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Direction générale de l’Aide à l’Enfance et à la Famille
Service Compliance
33, Rives de Clausen
Adresse postale : L-2926 Luxembourg

  • Der Zouloossungsdemande fir d’Aktivitéit vun der sozio-pedagogescher Opnam an enger Fleegefamill mussen déi follgend Dokumenter ugehaang bzw. bäigeluecht ginn:
    • Copie de la carte d’identité du membre de la famille d’accueil ayant la principale responsabilité de l’accueil de l’enfant ou des enfants accueillis;
    • en aktuelle Certificat de résidence élargi (ausgestallt vun der Gemeng);
    • en Extrait aus dem Casier – Bulletin Nr. 3 („klasseschen Extrait aus dem Casier”) an en Originalextrait aus dem Casier – Bulletin Nr. 5 („Schutz vu Mannerjäregen”), deen héchstens 3 Méint al ass, vun där Persoun, déi d’Haaptverantwortung fir d’Opnam vum betreite Kand oder de betreite Kanner dréit, a vun de groussjärege Persounen, déi zum Stot gehéieren;
    • e Selektiouns-Virbereedungs-Certificat, ausgestallt vun engem vun den dräi Begleedungsservicer;
    • e Certificat iwwer d’Participatioun un der Basisformatioun fir Fleegefamillen;
    • eng Kopie vun der Ordonnance vum Geriicht iwwer de Placement vum/vun de Mannerjäregen, am Fall wou Dir schonn e Kand/e puer Kanner a Fleeg hutt.

Wann den Dossier net komplett ass,da mécht de Service compliance vun der Direction générale de l’Aide à l’Enfance et à la Famille vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend Follgendes :

  • E freet déi feelend Dokumenter bei der betraffener Persoun un; an
  • verweist se – am Fall, wou se nach net vun engem Service begleet gëtt – un d’Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill.

Wann den Dossier komplett ass,mécht de Service de l’aide à l’Enfance vum Ministère Follgendes:

  • E léisst der betraffener Persoun en Accusé de réception zoukommen; an
  • verweist se – am Fall, wou se nach net vun engem Service begleet gëtt – un d’Servicer fir d’Begleedung vun der Opnam an enger Fleegefamill.

Selektiounsprozedur

Déi betraffe Persoun muss sech da mam gewielte Begleedungsservice a Verbindung setzen, fir d’Prozedur „Selektioun – Virbereedung” vu maximal 30 Stonnen an d’Weeër ze leeden, an de Service compliance vun der Direction générale de l’Aide à l’Enfance et à la Famille vumMinistère fir Educatioun, Kanner a Jugend heiriwwer informéieren..

Soubal d’Prozedur „Selektioun – Virbereedung“ ofgeschloss ass a wann de Kandidatselektionéiert gëtt, kritt déi betraffe Persoune Selektiounscertificatvum gewielte Service ausgestallt.

Soubal de Selektiounszertifikat ukomm ass, huet de Service compliance3 Méint Zäit,, fir d’Opnamekonditiounen ze bewäerten. Dës Kontroll erfollegt op der Basis:

  • vun derAnalysvum Bewerbungsdossier;an
  • vuVisitte bei der betraffener Persoun doheem..

Wa bannent deenen 3 Méintkeng Äntwertvum Ministère fir Educatioun, Kanner a JugendMinistère fir Educatioun, Kanner a Jugend heiriwwer informéieren.gëllt d’Zouloossung alsaccordéiert..

Accordéiert Zouloossung

Wann d’Zouloossung accordéiert gouf, kann et sech ëm Follgendes handelen:

  • eng bedéngten Zouloossung,dat heescht eng provisoresch,déi tëschent 6 Méint an 2 Joer gëlteg ass;;
  • eng bedéngungslos Zouloossung,dat heescht eng also eng definitiv Zouloossung.Si gëtt der betraffener Persoun accordéiert, wann all d’Konditiounen erfëllt sinn..

Et gëtt drop higewisen, datt den Titulaire vun enger bedéngter Zouloossung zu all Moment eng bedéngungslos Zouloossung kréie kann an ëmgedréint.

DenAccord vun der Unerkennung als sozialen Hëllefsdéngscht fir Kanner gëtt der betraffener Persoun vum Minister ausgestallt.

Vun deem Moment u kann déi betraffe Persoun een oder e puer Kanner bei sech ophuelen a kritt eng Indemnisatioun an Ënnerhalt, déi vum Office national de l’enfance (ONE) finanzéiert ginn.

Famille d’accueil – Office national de l’enfance (5)

Reseau

Wann Dir d’Aktivitéit vun enger Fleegefamill ausübe wëllt, kënnt Dir d’Ënnerstëtzung vun engem Reseau vu kompetenten Ekippen an Usproch huelen.

Nieft dem Office national de l’enfance kënne verschidde Servicer Iech begleeden a bei all Ären Demarchen a beim Ausübe vun der Aktivitéit als Fleegefamill zur Säit stoen.

Hei drënner fannt Dir d’Coordonnéeë vun deene verschiddene Partner.

Placement Familial – ARCUS A.S.B.L.

Familljenhaus Zentrum :

29, rue de Mamer

L-8081 Bertrange

Tél. : 40 49 49 – 500

Familljenhaus Osten :

26, rue de Luxembourg

L-6750 Grevenmacher

Tél. : 40 49 49 – 700

Familljenhaus Süden :

23, rue du Nord

L-4260 Esch-sur-Alzette

Tél. : 40 49 49 – 500

Familljenhaus Norden :

16, Haaptstrooss

L-9764 Marnach

5, rue des Fleurs

L-9231 Diekirch

Tél. : 40 49 49 – 900

Familljenhaus Westen :

13, Grand-Rue

L-8510 Redange

37, Avenue Grande-duch*esse Charlotte

L-7520 Mersch

Tél. : 40 49 49 – 600

Accueil Familial – Croix-Rouge Luxembourgeoise

22, route de Luxembourg
L-8077 Bertrange

Tél. : 27 55 64 00

Accueil.familial@croix-rouge.lu

Antenne Familiale – Lëtzebuerger Kannerduerf

Bureaux Mersch

z.i. Mierscherbierg

L-7526 Mersch

Tél. : 32 90 03-1

Bureaux Esch

1, rue Helen Buchholtz

L-4048 Esch-sur-Alzette

Tél. : 32 90 03-1

Bureaux Nocher

8, Duerfstrooss

L-9674 Nocher

Tél. : 32 90 03-1

Tél. : 32 90 03-1

Indemnisatioun vun der Aktivitéit als Fleegefamill

Déi sozial-pedagogesch Aktivitéit als Fleegefamill mat Dages- an/oder Nuetsbetreiung gëtt vum Office national de l’enfance (ONE) a Form vun Dagesforfaite fir déi Deeg, déi d’Kand oder de jonken Erwuessenen an der Fleegefamill verbréngt, finanzéiert.

Dëse Forfait setzt sech aus dem Ënnerhalt an enger Indemnisatioun zesummen, déi am geännerte groussherzogleche Reglement vum 17. August 2011 iwwer de Finanzement vun de sozialen Hëllefsmoossname fir Kanner a Famille festgeluecht ass.

Dës Leeschtunge ginn all Mount facturéiert a bezuelt.

Famille d’accueil – Office national de l’enfance (6)

Dir wëll engem Kand e stabilt familiäert Ëmfeld ze ginn, säi Wuelbefannen ze schützen a sech fir seng Interessien anzesetzen.

Alors n’hésitez pas à nous contacter one@one.etat.lu

Famille d’accueil – Office national de l’enfance (7)

Famille d’accueil – Office national de l’enfance (8)

    Office national de l’enfance (ONE)

    33, Rives de Clausen

    Pour toute correspondance, veuillez utiliser l’adresse en-dessous

    Postadress:

    L-2926 Luxembourg

    Fir all weider Informatioun, kënnt dir eis e Mail schécken oder uruffen:

    one@one.etat.lu
    Tél: 247-73696

    Kontakt Press:

    Myriam Bamberg
    Tel: (+352) 247-85252
    Email: press@men.lu

    Famille d’accueil – Office national de l’enfance (2024)
    Top Articles
    'Judgmental Maps’ unleash culture on the geography of modern cities | 6sqft
    Box Internet : nos offres Fibre, THD, ADSL et Box 4G+ - SFR
    Breaded Mushrooms
    Tyrunt
    Jesus Revolution Showtimes Near Chisholm Trail 8
    True Statement About A Crown Dependency Crossword
    Zachary Zulock Linkedin
    Hardly Antonyms
    Obituary Times Herald Record
    Assets | HIVO Support
    Huge Boobs Images
    Craigslist Farm And Garden Cincinnati Ohio
    Sam's Club La Habra Gas Prices
    Canvas Nthurston
    Bing Chilling Words Romanized
    Wbiw Weather Watchers
    Team C Lakewood
    Sussyclassroom
    Aol News Weather Entertainment Local Lifestyle
    Bòlèt Florida Midi 30
    Avatar: The Way Of Water Showtimes Near Maya Pittsburg Cinemas
    Craigslist Hunting Land For Lease In Ga
    Dtm Urban Dictionary
    Publix Near 12401 International Drive
    Pixel Combat Unblocked
    Trinket Of Advanced Weaponry
    TJ Maxx‘s Top 12 Competitors: An Expert Analysis - Marketing Scoop
    950 Sqft 2 BHK Villa for sale in Devi Redhills Sirinium | Red Hills, Chennai | Property ID - 15334774
    Ewg Eucerin
    Kiddie Jungle Parma
    Pfcu Chestnut Street
    Sf Bay Area Craigslist Com
    Hotel Denizen Mckinney
    Att U Verse Outage Map
    Weekly Math Review Q4 3
    Vip Lounge Odu
    Consume Oakbrook Terrace Menu
    Indiana Jones 5 Showtimes Near Cinemark Stroud Mall And Xd
    10 Rarest and Most Valuable Milk Glass Pieces: Value Guide
    Weather Underground Cedar Rapids
    Tgirls Philly
    Mbfs Com Login
    Santa Clara County prepares for possible ‘tripledemic,’ with mask mandates for health care settings next month
    Natasha Tosini Bikini
    Squalicum Family Medicine
    The Hardest Quests in Old School RuneScape (Ranked) – FandomSpot
    Image Mate Orange County
    March 2023 Wincalendar
    Hcs Smartfind
    라이키 유출
    Escape From Tarkov Supply Plans Therapist Quest Guide
    Room For Easels And Canvas Crossword Clue
    Latest Posts
    Article information

    Author: Jerrold Considine

    Last Updated:

    Views: 5901

    Rating: 4.8 / 5 (58 voted)

    Reviews: 81% of readers found this page helpful

    Author information

    Name: Jerrold Considine

    Birthday: 1993-11-03

    Address: Suite 447 3463 Marybelle Circles, New Marlin, AL 20765

    Phone: +5816749283868

    Job: Sales Executive

    Hobby: Air sports, Sand art, Electronics, LARPing, Baseball, Book restoration, Puzzles

    Introduction: My name is Jerrold Considine, I am a combative, cheerful, encouraging, happy, enthusiastic, funny, kind person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.